Dienstag, 16. Oktober 2012

Apple Event 23 Oktober


One More Thing......
Genau dat ass bei der Iphone 5 Presentation ausbliwen, den aha uhhhh yeah effekt, den Apple soss an sengen Präsentationen riwer breucht huet, net nemmen ech mee och ganz vill aaner Leit waren entäucht, Apple ass ed des keier net gelongen wei soss leit richteg ze begeechteren.
Vlait krein se dat lo op hirem 2ten Event hin, anluedungen sin haut raus gang, an den 23 Oktober zu gewintener 19h europäecher Zeit, heescht ed dann, We've got a little more to show you.
Den "little more" schengt en inditz ze sin dass Apple hiren Ipad Mini fierstellt.

Obwuel den Steve Jobs demols gesod huet dass 7 zoll Tablets Dead on Arrival wiren, also sou ze soen als notzlos ofgestempelt huet. Schengen se awer lo en 7 zoll Ipad raus zebrengen. Virwaat ? Konkurrenz huet ed fiergemaach, den Nexus 7 verkeeft sech super gudd wei och aaner 7 Zoll vun aaner Marken. Vill User hun beemol keng loscht mei den Ipad mat ze schlefen fier am Bus / Zuch ze liesen/spillen etc. An lossen en doheem op der Fotel leien, mein Nexus 7 zb huelen ech all daag mat op aarbecht well en locker an Jacketen Tesch passt. en Ipad an dat bestätegen vill Leit ass ze grouss fier am Alldagg mat ze huelen, an ass eichter eppes fier doheem am Bett oder op der Fotel.
Nieft dem Ipad Mini wert Apple demowei och hier nei iMac an Mac Books fierstellen, zumols bei den iMacs ass ed längs hinfälleg well den Aktuellen Model schon 1,5 Joer um Bockel huet.
dozou sin awer bis elo nach esou gudd wei guer keng Informationen duerch gesickert.
Den 23ten Oktober also genau enger Woch sin mer dann mei Schlau :)


Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen