Montag, 29. April 2013

Bommeleeer Spill Ass ELO am App Store

Noe 6 Méint Aarbecht ass dann haut sou weit a ka mat stolz bekannt ginn dass Spill ab elo am App Store ze kafe gëtt. Virwaat ass Spill net fir naicht ? Leider ass et sou dass Spiller Entwécklen kee bëllegen Hobby ass well en verschidde Lizenze brauch, déi deierst zb kascht 350 Dollar Joer. Sou dass den Erléis dozou bestëmmt ass dass ech weider hin mengem Hobby kann noe ginn ouni mech mussen ze ruinéieren. Hoffe Spill gefält iech, kloer ginn et besser Spiller mee Spill ass pur Hand Aarbecht an all eenzele Pixel ass mat léift verschafft.

https://itunes.apple.com/WebObjects/MZStore.woa/wa/viewSoftware?id=638191146&mt=8



Dienstag, 9. April 2013

Aktuellen Stand vum Bommeleeer Spill

Bommeleeër Spill ass an der Schlussphase. An wann alles gudd geet wärt ech et Enn nächster Woch un Apple schécken, hoffen dass et net rëm zu engem Fiasko kennt wei deemools beim "Tour" de Schleek. dat jo Schlussendlech huet misse Course de Schleek genannt ginn. Bommeleeër Spill wäert 0,89 Cent kaschten, Spill entwéckelen ass kee bëllegen Hobby dozou geheiren eng réi Lizenze wei déi vun Apple zb 99 Dollar Joer déi vum Entwécklungs Programm 350 Dollar etc. Räich wäert ech net ginn, mä den Erléis hëlleft mer dass ech weider Spiller entwéckele kann ouni mech ze ruinéieren ;).

Wei spillt sech Spill ? De Prinzip ass einfach muss en Bomm bei eng Dier kréie fir déi opzesprengen a Sou de Wee frei man fir an den Nächste Level. An dobäi oppassen dass en net ze noe Steet soss flitt en selwer a Luucht. Ufanks ware 50 LvL geplangt, mä wäert lo fir eicht 30 Lvl Raus bréngen an déi aner per Update noereechen.

LvL 1-10 Spill sech bei der Gelle Fra of, LvL 10-20 Bei Cegedel Mast den ech un Hand enger aler Archiv Foto an Spill agebaut hunn, an de LvL muss en natierlech op de Stroum oppasse soss get en gegrillt. LvL 20-30 Spill sech ënnert de Rouder Bréck of hei muss en oppassen dass en net a lescher fält.

 Klenge Gimmick Kann en sech Divers Biller wei Aen Oder Mound vum Männche viru Gesiicht Hallen an sech sou als Bommeleeër outen. Ideal fir eng nei Facbook Profil Foto :)


Interview am Telecran iwert WASD

Ech weess mäin Blog ass bëssen ausgestuerwen. Dat leit dorunner dass ech am Moment an der Schluss Phase vum Bommeleeër Spill si fir et fäerdeg ze kréien, an och well ech vill mat WASD.lu man. Zb hate mer lo en Interview fir den Telecran de muer den 10 Abrell verëffentlecht gëtt. Op ganzer 4er Säite gid der gewuer wei Idee vu WASD entstanen ass ween do alles mat dobäi ass a wat nach alles wäert kommen.


 

Samstag, 16. März 2013

Interview am Letzebuerger Journal

An der Samschdeg Ausgabe vum 16ten Mäerz fann der en Interview iwwert mech. Den Interview geet iwwert mäin aktuell Projet de Bommeleeër an och Indie Developer Scene national an international.

UPDATE
Hunn den Artikel lo gescannt an als PDF gespäichert, muss en op 500 % Zoomen da kritt en et gudd gelies ;) PDF 


Wasd.lu

An leschter zéit war et bëssen roueg hei, dat leit dorunner dass ech un engem neien Projet bedeelegt sinn. Ech hunn puer News fir wasd.lu geschriwwen, wasd.lu ass dat eicht Lëtzebuerger Online Magazin iwwert Games. Ech wärt regelméisseg dofir schreiwen an och Video man. Geplangt ass och nach en Community Deel. Surft laanscht an kuckt iech et un gëtt och eng Facebook fan säit.

Mittwoch, 6. März 2013

Geek News #11


Galaxy S4

Nächst Woch ass et sou weit da gëtt den neie S4 fiergestalt. Dozou ass den eichten Teaser op getaucht.
De S4 soll och iwwert eng nei Funktioun verfügen déi sech "Smart Scroll" nennt, dëst erméiglecht scrolle vu Web Säiten mat den Aen. De S4 erkennt unhand vun der Frontcamera wou en hin kuckt a scrollt deementspriechend rop oder rof.






Assassin's Creed 4

den neien Assassin's Creed ass fiergestalt ginn, en heescht Black Flag a kennt am Hierscht raus. AC4 spillt zu enger aner Zäit an sou guer 60 Joer virum AC3. Den Held ass dem Haytham säi Papp an de Connor sein Grousspapp. Szenario spillt sech komplett an der Karibik of, Kuba Bahamas an Jamaika si mat dobäi souwéi 50 aner Locations.
Alles dréint sech ëm Piraten, Schëffer, an och de Black Beard ass mat dobäi. Ubisoft geht awer do net den Disney wee Mat Holzbeen a Papagei , mä sou wei Pirate waren, Brutal a Kriminell also naicht fir Kanner ;).
Perséinlech fannen ech Pirate Szenario net schlecht, am Ac3 hunn mer Schëff Missioune gudd gefall waren net langweileg an Action gelueden an denke mer dass AC4 ähnlech gëtt.




Wii Mini 

Déi kennt och lo fir Europa raus op Amazon ass se fir 110 Euro ze fannen.
Se huet awer keng Online funktion an Game Cube Spiller ginn och net drop.
Richt sech méi un Kanner oder Leit déi einfach mol geleeëntlech wëllen en Spill spillen oder eng Wii Party man.




Sim City 

Muer kennt Spill an Europa raus. An den USA ass et scho raus mä do bekloen sech Spiller iwwer Server Problemer, dat leit un dem massiven Undrang op Spill, sou wei allerhand Bugs.
Freier war Sim City en rengt Offline Spill, dat neit huet awer Online Zwang.
Dobäi ass Spill och gudd Ressourcë friessend an en performante Pc ass noutwenneg.




1 Joer Playstore

dat muss gefeiert gi Google gëtt Spiller fir naicht oder extrem reduzéiert op 50 Cent.
https://play.google.com/store/apps/collection/promotion_play_birthday_gaming

Dienstag, 5. März 2013

Let's Play Tomb Raider


Haut ass Tomb Raider raus koum, an weisen iech hei am eichte Video déi eicht 15 dramatesch Minutten.
Falls der nach net 100% sécher sidd fir Spill ze kafen, da kuckt iech mäin Video un, villäicht hëlleft de bei der Entscheedung. Mee ech fanne Spill bis elo Grandios gudd an kann et nëmmen empfehlen :)