Mittwoch, 6. März 2013

Geek News #11


Galaxy S4

Nächst Woch ass et sou weit da gëtt den neie S4 fiergestalt. Dozou ass den eichten Teaser op getaucht.
De S4 soll och iwwert eng nei Funktioun verfügen déi sech "Smart Scroll" nennt, dëst erméiglecht scrolle vu Web Säiten mat den Aen. De S4 erkennt unhand vun der Frontcamera wou en hin kuckt a scrollt deementspriechend rop oder rof.






Assassin's Creed 4

den neien Assassin's Creed ass fiergestalt ginn, en heescht Black Flag a kennt am Hierscht raus. AC4 spillt zu enger aner Zäit an sou guer 60 Joer virum AC3. Den Held ass dem Haytham säi Papp an de Connor sein Grousspapp. Szenario spillt sech komplett an der Karibik of, Kuba Bahamas an Jamaika si mat dobäi souwéi 50 aner Locations.
Alles dréint sech ëm Piraten, Schëffer, an och de Black Beard ass mat dobäi. Ubisoft geht awer do net den Disney wee Mat Holzbeen a Papagei , mä sou wei Pirate waren, Brutal a Kriminell also naicht fir Kanner ;).
Perséinlech fannen ech Pirate Szenario net schlecht, am Ac3 hunn mer Schëff Missioune gudd gefall waren net langweileg an Action gelueden an denke mer dass AC4 ähnlech gëtt.




Wii Mini 

Déi kennt och lo fir Europa raus op Amazon ass se fir 110 Euro ze fannen.
Se huet awer keng Online funktion an Game Cube Spiller ginn och net drop.
Richt sech méi un Kanner oder Leit déi einfach mol geleeëntlech wëllen en Spill spillen oder eng Wii Party man.




Sim City 

Muer kennt Spill an Europa raus. An den USA ass et scho raus mä do bekloen sech Spiller iwwer Server Problemer, dat leit un dem massiven Undrang op Spill, sou wei allerhand Bugs.
Freier war Sim City en rengt Offline Spill, dat neit huet awer Online Zwang.
Dobäi ass Spill och gudd Ressourcë friessend an en performante Pc ass noutwenneg.




1 Joer Playstore

dat muss gefeiert gi Google gëtt Spiller fir naicht oder extrem reduzéiert op 50 Cent.
https://play.google.com/store/apps/collection/promotion_play_birthday_gaming

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen