Montag, 28. Januar 2013

Blackberry 10 Event


Blackberry 10 Event 30ten Januar.

        




UPDATE
Presentatioun war haut am noe Metten onser Zäit, ween se verpasst huet kann se hei nach emol kucken.
Blackberry huet den Z10 an den Q10 virgestallt (am Video ze gesinn bei 21 min). den Z10 huet en 4,2 Zoll Display mat enger sensationeller Pixeldicht vun 356 ppi (Iphone 5 = 326 ppi) an de Q10 huet den Standard Blackberry Keyboard den am mengen Aen de beschte physikalesche Klavier ass den et gëtt.
Am Video bei 26min gëtt de Multitasking an duerno BB Hub gewisen a muss soen geséit immens innovativ aus.
Weider geet et bei 32 min mam Keyboard den seng ganz Leeschtung demonstréiert mat Swype Beweegungen kann en op Zuelen a Special Charakter wiesselen oder Text läschen awer och Wierder ansetzen an dobäi erkennt all Sproch ouni Problem.
Bei 39 min 30 dann BB Video chat, mä se ginn nach en Schrëtt méi weit an hunn Screen Share agebaut, dëst erméiglecht engem anere Live säi Screen ze weisen an sou zesumme Fotoen, Dokumenter, Web Säiten etc ze kucken, dozou soen ech Genial !!!
Camera a Photo Editor geséit en bei 45 min an Action, zimlech gudd gelongen ass de Photo Editor
Apps, Apps, Apps and more, bei 52 min den neien Blackberry World, mat Apps wei Skype, Kindle Fire, Whats App an Sap. Spiller dierfen net fehlen, Angry Birds, Jetpack Joyride an Publisher wei EA an Gameloft sin mat un Board.

Fazit 
Zimlech Soliden optrëtt, den Screen Share huet mech vum Hocker geheit, BB 10 geséit séier, einfach an komfortabel aus an den Browser soll laut Html5test.com en vun de schnellste sinn.

Ab wéini ze kafen ? 
Déi eicht krut en schonn direkt noe der Presentatioun ze kafen , hei zu Lëtzebuerg ass et an den nächste Wochen dann  sou weit.




Dass sou weit, Blackberry stellt hier nei Smartphones fir mat hirem neien OS Blackberry 10. Den OS ass vun Grond op erneiert ginn.

Erwaardungen sinn natierlech ganz héich, an Blackberry weess dass et hier lescht Chance ass fir rëm zréck op den Marché ze kommen. Mee ech muss soen, waat ech bis elo gesinn hunn ass enorm villverspriechend. D'Apparater hunn en flotten Design an BB10 geséit onkomplizéiert, schnell, User-frëndlech an innovativ aus.
Am folgenden Video gëtt dat ganz och demonstréiert, mat nëmmen 4 Gesten léist sech am Fong den ganzen Smartphone steieren.

Wat huet BB10 soss nach ze bidden ?

Blackberry World, Apps Music and More.
Zum Start sollen schonn 13000 Apps disponibel sinn, mä lo kann en och Musek, Videos, Bicher an Zeitungen doriwwer eroflueden.

Blackberry Balance
En wichtegen Aspekt ass fir Blackberry, dass een als "Enterprise User" kann fum geschäftlechen op den privaten Modus wiesselen, den déi Verschidden Restriktiounen deen Moment ophieft, an sou erméiglecht Privat an Geschäftlech ze trennen

Blackberry Keyboard
Den Klavier war nach ëmmer besonnesch bei Blackberry, ween Blackberry benotzt huet, deen weess wei séier een op dem ergonomeschen Klavier tippen kann an dat och mat den décksten Wurschtfanger. ;)
Bei BB10 soll dat net anescht sinn, den BB leiert den Schreifstil an schléit Wierder iwwert den jeeweilegen Buchstaaf fir, mat enger kuerzer Swype-Bewegung léist sech dat jeeweilegt Wuert an den Text setzen.

Time Shift Camera
Wien kennt et net, Foto ze frei oder ze spéid, den Een huet alt nees d'Aen zou den Aneren ze frei gelaacht. Dank Time Shift gehéiert den Problem lo der Vergaangenheet un.
Einfach een Deel Zb. Gesiicht auswielen an dann, wann een zréck oder no fir scrollen ass d'Foto perfekt.
 

Blackberry Hub
Facebook Message, Sms, Twitter, Emails, BB Messenger etc. alles op enger Platz an aus all App eraus ze erreechen. Messagen loossen sech och sortéieren Zb. kann en nëmmen Facebook msg oder SMSen unzeweisen loossen.

Spezifikatiounen
Dozou ass nach net all ze vill bekannt, den Z10 soll iwwert en DualCore 1,5Ghz verfügen eng 8Mp Kamera an en 4,2 Zoll Display.


Fazit
Ech sinn Gespaant wat Kanadier den 30ten virstellen, mä et ass schwéier ze soen op et Blackberry geléngen wert, rëm zréck ze kommen. Allefalls den BB10 huet Potential, weist vill Neies an Punkto Innovatioun och méi wei Konkurrenz.
Wei den Hub oder Keyboard sinn flott. Muss een ofwaarden wei sech dat ganz am Alldag bewäert an dann wäert een gesinn op et duer geet fir Konkurrenz ofzefänken.
Ech wënschen et den Kanadier :)

Keyboard video


Hub Video



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen