Donnerstag, 31. Januar 2013

Geek News #9


Play Station 4
Dass eng Playstation 4 (Code Name Orbis) raus kennt ass gewosst anscheinend och nach dëst Joer. Mee wat kann se ? Dest hunn leit vu KOTAKU raus fond, Si baséieren sech do op eng 90 Säite Grouss PDF Datei déi Entwéckler als Dokument kruten. Zu de Specs geheiren 8 Gb Ram, 8 Core Prozessor vun AMD, Grafik Prozessor ass och vun AMD mat 2,2 Gb Memory a wei bei der leschter PS en Blueray Lafwierk.

Kontroller huet wei bei der Wii U en Touchscreen, dat ganz soll ähnlech sin wei eng PS VITA also och op der Récksäit en Touchpad. Ausserdeem ass en Multiuser System geplangt, sou kennen sech puer User gläichzäiteg un Konsol umellen.

Des Informatioune sinn natierlech nach net 100% definitiv an bis zum Release kann sech nach sou munches änneren, mä wann Spec stemmen dann ass PS4 en zimlecht Hardware Beast :) !


TERRA gëtt Free to Play
Ab den 5 Februar kritt TERRA nieft hirem Abo Modell en Free to Play Modell dobäi,  bei 4PLAYERS.DE kann en gesinn wat do Ënnerscheeder sinn. Terra ass en MMO dat ursprénglech aus Asien kenntt, Steierung ass op Real Action opgebaut dat heescht muss en selwer zielen an auswäichen, klengt intressant a wäert demowei selwer mol unteste wann en loscht huet dëst zesummen ze man kann en mech gären uschreiwen :)


GTA V kent mei Speid !
RockStarGames hunn op hirem BLOG Bekannt ginn t'ass Spill lo reit am September raus kennt. Well se méi laang Zéit brauche fir Spill sou hin ze kréien wei se et gären hätten. Hoffen se notzen Zéit fir Bugs raus ze huelen well säit Max Payne 3 dat sou eppes vu verbugt war hunn ech mer gesot ni méi en Spill vu RockStarsGames.


Splinter Cell
Säit dem ech eng 20min Demonstratioun lescht Joer op der GamesCom gesinn hunn freeën ech mech Mega op dat spill mä awer och well de leschte Splinter Cell : Conviction konnt iwwerzeegen. Hei den Hands On Video vun IGN



Star Wars 7
An zum Schluss dann nach en Video vun IGN geet ëm den Interview vum JJ Abrams wei hin da lo schlussendlech Regisseur vu Star Wars 7 ginn ass.



Dat wier et dann fir dëst kéier, Feedback ass wei ëmmer welcome, besicht och roueg mäin Youtube Kanal
bis dann
Fedi

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen