Dienstag, 9. April 2013

Aktuellen Stand vum Bommeleeer Spill

Bommeleeër Spill ass an der Schlussphase. An wann alles gudd geet wärt ech et Enn nächster Woch un Apple schécken, hoffen dass et net rëm zu engem Fiasko kennt wei deemools beim "Tour" de Schleek. dat jo Schlussendlech huet misse Course de Schleek genannt ginn. Bommeleeër Spill wäert 0,89 Cent kaschten, Spill entwéckelen ass kee bëllegen Hobby dozou geheiren eng réi Lizenze wei déi vun Apple zb 99 Dollar Joer déi vum Entwécklungs Programm 350 Dollar etc. Räich wäert ech net ginn, mä den Erléis hëlleft mer dass ech weider Spiller entwéckele kann ouni mech ze ruinéieren ;).

Wei spillt sech Spill ? De Prinzip ass einfach muss en Bomm bei eng Dier kréie fir déi opzesprengen a Sou de Wee frei man fir an den Nächste Level. An dobäi oppassen dass en net ze noe Steet soss flitt en selwer a Luucht. Ufanks ware 50 LvL geplangt, mä wäert lo fir eicht 30 Lvl Raus bréngen an déi aner per Update noereechen.

LvL 1-10 Spill sech bei der Gelle Fra of, LvL 10-20 Bei Cegedel Mast den ech un Hand enger aler Archiv Foto an Spill agebaut hunn, an de LvL muss en natierlech op de Stroum oppasse soss get en gegrillt. LvL 20-30 Spill sech ënnert de Rouder Bréck of hei muss en oppassen dass en net a lescher fält.

 Klenge Gimmick Kann en sech Divers Biller wei Aen Oder Mound vum Männche viru Gesiicht Hallen an sech sou als Bommeleeër outen. Ideal fir eng nei Facbook Profil Foto :)


Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen