Donnerstag, 20. September 2012

Google Nexus 7 Tablet Bericht nr 1

Seit geschter sin ech stolzen Besetzer vun engem Nexus 7 Tablet
An hun mer gedeucht eng art Test Tagebuch driwer ze maan.

Gin kuerz op den Tablet an waat en sou alles Huet
Do wir virun allem Mol neisten Android Version Jelly Bean, Quad Core Processor, an 12 Kär Grafik Chip vun Nvdia den virun allen an Spiller zum ansatz kent. 

Dei eicht Stonnen wou ech bis lo vun Gescht op haut benotzt hun kann ech nemmen soen WOW. 7 zoll Display ( mei kleng wei Ipad), liicht, denn, seier. Ed mecht einfach Spass domad ze schaffen / spillen.
Google huet jo mat Jelly Bean,  Projekt Butter an Liewen geruff wou ed Haaptsächlech em Performance geht an dat ganz soll wei mat Botter geschmiert laafen. An mussen soen dat ass hinnen gelongen, alles ass flesseg ruckelt naicht mei net wei soss bei Android wou en oft mol ruckler hat oder animation net sou flesseg left dat geheiert mat Jelly Bean der vergangheet un. 
Ech wert an den nexten deeg all Funktionen detailert testen an iech hei alles Berichten, zb ganz uewen steht op der lescht en Controller drun un schleissen an domad ze spillen, den Nvdia Tegra chip den drann ass ennerstezt zb Ps3/Xbox an all aaner usb Controller per Plug&Play ! 

Bis elo kann ech soen, Wen en Tablet sicht fier Multimedia, Spillen, Video, Surfen, Musek an eppes klenges an handleches well  fier mat op aarbecht ze huelen etc kritt en fier 249 euro waat Preis leechtung alles iwertrefft en Ordentlech Steck Hardware an absolut ze empfehlen. Definitif fier leit denne den Ipad ze grouss/deier ass, ass en  Optimal. En huet awer keng 3g Funktion waat net schlemm ass vue que baal all Smartphone huet jo Mobilen Hot Spot sou dass dat ken negativen punkt ass, an fier de recht huet en jo Wifi baal iwerall.

gären kenn der mer är froen  per email schecken oder hei drenner als Kommentar stellen.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen