Dienstag, 25. September 2012

Nexus 7 Bericht nr 3

An mengem 3ten Bericht iwert den Nexus 7 gin ech op dei nei Funktion Google Now an dei um Nexus 7 ass. Waat ass Google Now ? hei en klengen Video den Kuerz erklärt em waat ed geht.

ennert dem Video kann en sech dat lo nach net genau fierstellen,
also Google Now passt sech vum selwen un, an get engem Informationen dei en Brauch ouni drun ze denken.
Klengt Komesch ? ass ed och !!! ed ass beängstlech Komesch genau !! , wei ech haut hun missen festellen.
Waat ass geschid ?

Ech hat den Wecker um Nexus 7  gestalt den och den Moien geschellt huet. Maan en aus , an 1 min drop pipst den Google Now. Kucken drop an Google Now sot mer ech breicht 6 min bis op Aarbecht wir ken Stau an ed geng reenen.... klengt lo net immens Spektakulär. Mee.....
Wou hier wees Google Now dass ech haut schaffen ? an wou hier wees en wou ech schaffen ?? ech hun zu kengem Moment irgend eng vun den Informationen an gin !!!!
Mee dat ass wei Google Now fonktioneiert, gescht hat ech frei vue que dass ech ken Wecker gestalt hun, wousst Google Now dass ech haut frei hun... an well ech en emmer mat op Aarbecht huelen an do 8 Stonnen verbleiwen huet Google Now vum selwen gecheckt dass ech do Schaffen. !!!
Op alle fall sin ech gespaant wei eng Iwerraschung mer Google Now nach brengt op alle Fall ass ed emmer en Schrett virraus an en gudden Begleeder :)

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen