Dienstag, 30. Oktober 2012

4G, taking Mobile Internet to the Next Level


Eis Nopesch Länner hunn en scho méi laang mee lo ass de 4G/LTE, och endlech zu Lëtzebuerg ukoum !
Tango an Orange Bidden den 4g un, bei Luxgsm gesäit et do nach düster aus.
4G ? LTE ? jo dat ass dat nämlecht, LTE (Long Term Evolution) ass Technologie déi hannert dem 4G stécht , 4G steet fir 4ert Generatioun
vum Mobile Reseau. An ermeiglecht an der Theorie Download Vitessë bis zu 100Mbit/s, hei am Land ass en awer op 50Mbit/s limitéiert duerch ILR
( l’Institut Luxembourgeois de Régulation). Praktesch gesäit dat awer natierlech aneschters aus do wäert en net op 50Mbit/s kommen.
Mee wäert op alle Fall duergi fir bis zu 10 mol méi séier ze surfe wei um 3G/HSDPA Reseau. zb brauch en iwwert den 3G 8 sec fir 5Mb Download,
an Iwwert de 4G 1sec, 5 Mb entsprécht zb engem Lidd plus minus. Wann ech do un fréier denke wei laang ech gebraucht hunn mat engem 56k Modem eng
Mp3 rofzelueden dat war net 1 sec mee eichter 1 Stonn. Dat eiwecht waarde virun engem Youtube Video kann en mam 4G definitiv ofschreiwen,
mam DSL feiert en ëmmer de groe Strech un allez allez lued, beim 4G huet en knapps Allez gesot dann ass de Video scho gelueden ;) 
En Grousse Fierdeel vum 4G ass och den Upload ! Upload Vitesse entsprécht meeschtens der Halschent vun der Download Geschwindegkeet, hunn awer och gehat
dass se genau sou séier war, wat definitiv en fir deel vis a vis enger herkömmlecher DSl Leitung ass, dozou kent och nach dass de 4G
extrem niddreg Ping Zäiten huet, wat virun allem Ideal fir Gamer ass.
Als Modem roden ech eichter en Mifi Router ze huelen, den fierdeel Géigend iwwer engem Stick ass kann en den bei eng Fënster positionéiere fir
de bechten empfang ze hun, a ka bis zu 5 Apparter iwert wifi domader verbannen.
En anere Fierdeel ass, dass doduerch den 3G manner belaascht gëtt wann méi Leit de 4G benotzen. Zb während de Prenzenhochzeit, huet Orange hire 4G de Journalisten zu Verfügung gestalt, fir dass déi Fotoen etc kennen eroplueden ouni den 3G zeiwwerlaaschten.
Dofir ech kann nëmmen all Mënsch de 4G empfehlen :)

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen