Montag, 25. Februar 2013

Geek News #10

Déi lescht Woche war et hei bësse roueg, hat Vakanz a mech hat déi grausam Gripp erwëscht. Mee lo gëtt rëm lass geluecht. :)

Galaxy S IV

Samsung huet et lo offiziell bestätegt den Galaxy S IV gëtt den 14ten März fir gestalt, an des kéier net wei déi lescht kéieren hei an Europa mä zu NewYork.
Gerüchter zur Hardware soen, dass lo awer en Quadcore Prozessor dran kennt an zwar de Snapdragon 600 den och am neien HTC ONE dran ass.
Geplangt war en Octa-Core-Prozessor (AAchtkärprozessor), den awer anscheinend ze vill Energie verbraucht an dofir lo awer net verbaut gëtt. zum Bildschierm ass nach naicht gewosst, mä Kamera soll 13MP hunn. 
Spéitstens de 14ten Mäerz wësse mer méi.


HTC ONE

Htc sin den Leit vu Samsung en Schrett mei weit dei hun hiren HTC ONE fiergestalt.
Den Design fannen ech perseinleich TOP !
Zu den Spec zielen de Snapdragon 600 (1,7GHZ Quadcore), en Full HD Display vu 4.7 Zoll mat sensationelle 469ppi (Pixeldicht), Kamera huet keng MegaPixel mee UltraPixel an brauch do duerch vill maaner Lucht.
Un Board ass Android Jelly Bean (4.1.2) souwei HTC Sense 5.0 dat besonneg dorunner den HomeScreen huet eng Blinkfeed funktion, dei engem Informations "häppecher" Live unweist.



Neien Tomb Raider.

5ten Mäerz ballert Lara rëm, Seid dem ech Spill op der GamesCom gesinn hunn freeën ech mech riesech drop, et geséit einfach nëmme vun der Grafik hier spektakulär aus a Sqaure Enix weess wei en eng gudd Geschicht erzielt.
Haut endegt och den Embargo sou dass déi eicht Tester wäerten optauchen, an der aktueller Ausgabe vu GameMaster ass den aller eichten Test ze fannen an do krut Lara eng Wäertung vun 90%.



Gears Of War Judgement, Gratis Kontroller

Wei huet alles deemools ugefaang ? des froe gëtt den 22 Mäerz bei Gears of War Judgement beäntwert fir mech noe Halo dat bescht wat Xbox ze bidden huet.
Amazon huet eng speziell Aktion wann en Spill fir bestellt kritt kritt en Gratis Kontroller mat dobäi mä och 400 Live Points an Multiplayer Charakter Young Dom plus eng 6-Shot Waff.



Game Of Thrones

30 Mäerz geet et lass, dass Serie nom Erfolleg vun der eichter an zweeter Staffel eng Budget Sprezz krut geséit en däitlech um Trailer fir déi 3t Staffel. Ech freeë mech RIESECH ! :)

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen